Hoplr Hausreegelen

🤝 Respektéiert Är Noperen
Diskriminéierend an beleidegend Messagë ginn op Hoplr net toleréiert a ginn ewechgeholl.

🆘 Sidd hëllefsbereet
Hëlleft Ären Noperen, wou et méiglech ass, a dréit esou zu engem méi solidaresche Quartier bäi.

🏘️ Bleift relevant fir de Quartier
Reklamm ass net erlaabt. Dat ëmfaasst: Promotiounen, kommerziell Annoncen, politesch oder reliéis Messagen, asw.

♻️ Occasiounen a Kaddoen
Dir kënnt onbegrenzten Occasiounen a Kaddoen an der Rubrik 'Annoncen' deelen a sollt am beschten e puer Artikele bannent enger Annonce zesummefaassen. Opgepasst: Verschidden Artikele wéi Medikamenter, Déieren an Tubaksprodukter sinn net erlaabt. Kuckt hei, wéi eng Annoncen erlaabt sinn a wéi eng net. Liest hei d'Richtlinne fir d'Maartplaz ('Annoncen').

💬 Halen den Dialog sënnvoll
Hoplr ass keng Kloemauer. Problemer däerfe beschwat ginn, mee bleift frëndlech, héiflech a konstruktiv.

🆔 Benotzt Är richteg Identitéit
Hoplr-Quartiere baséieren op Vertrauen. Mir froen d'Benotzer, hire richtege Virnumm an Numm ze benotzen. Eng erkennbar Profilfoto ass wëllkomm.

🔒 Respektéiert d' Privatsphär
Deelt keng Informatiounen oder Besëtz vun Noperen, ausser Dir hutt ausdrécklech d'Erlaabnes dofir kritt.

🚫❤️ Keng Dating-App
Hoplr ass eng Quartiersplattform, keng Dating-App. Wann Dir op der Sich no engem Rendez-vous oder enger Bezéiung sidd, rode mir Iech, eng aner Plattform ze benotzen.
 


D'Net-Anhale vun dësen Hausreegele kann dozou féieren, datt Äre Message oder Äre Profil vun engem vun Ären Nopere gemellt gëtt. Widderholl Meldunge vu Messagë kënnen zu de folgende Sanktioune féieren:

⏳  Temporär Deaktivéierung vum Kont

🚫  Permanent Späre vum Kont

 

(Lescht aktualiséiert: 7/03/2025)

Articles in this section