Kann ech Nopeschgegenden verfollegen?

Jo, dat geet!

Mat dem quartiersiwwerschreidende Feed kanns de Beiträg aus maximal 10 Nopeschgegenden verfollegen, ouni d’Privatsphär vun dengem eegene Quartier ze änneren.

Wat heescht dat genee? 

🌍  Du kanns bis zu 10 Nopeschgegenden verfollegen an engem Radius vun 7 km. Dës Distanz gëtt op Basis vum Zentrum vun denger Quartier an de Quartieren ronderëm gerechent.

📋  Däi Quartiers-Feed weist Beiträg aus dengem eegene Quartier, de Quartieren déi’s de verfollegs, an och Beiträg vun denger Gemeng oder anere Partner.

🏘  Nieft dem Auteur vun engem Quartiersbeitrag gëtt d'Strooss an de Quartiersnumm ugewisen, wann de Beitrag aus dengem eegene Quartier kënnt.

📍  Wann de Beitrag aus engem verfolgte Quartier kënnt, gesäis de d’Gemeng an de Quartiersnumm, plus d’Distanz (a Schrëtt vu 500m, 1km oder 5km).

👤  Vu Quartiersmemberen aus anere Quartieren kanns de just Basisinformatioun gesinn, wéi de Profilnumm, Profilbild, Gemeng an Quartiersnumm. D’Nopeschlëscht kanns de nëmmen an dengem eegene Quartier consultéieren.

💬  Du kanns nëmmen Beiträg an dengem eegene Quartiers-Feed posten, mee du kanns reagéieren op Beiträg aus de Quartieren déi’s de verfollegs.

⚙️  Beiträg vun Partner si just fir Memberen vum Quartier gesiichtbar, net fir d’Verfolger vum Quartier.

Dank dem quartiersiwwerschreidende Feed bleifs de ëmmer um Lafenden iwwer dat wat an dengem Quartier an an de Nopeschgegenden geschitt!

 

Lies hei wéi’s de e Quartier verfollege kanns.

Lies hei wéi’s de däi Quartiers-Feed personaliséiere kanns.

 

 

(Lescht aktualiséiert den: 31/03/2025)

 

Nach Froen? Kontaktéiert eis.

Schéckt eng E-Mail un support@hoplr.com

Articles in this section