Wéi läscht een e Chatmessage?

Läscht e Gespréich iwwer d’Websäit mat „Gespréich läschen“ oder an der App iwwer d’Informatiounsikon an „Läschen“. D’Gespréich verschwënnt nëmmen aus denger Inbox; déi aner Participante kënnen d’Messagen nach ëmmer gesinn. Geläschte Messagë kënnen net zeréckgeholl ginn.

Wéi läscht een e Chatmessage?

Wëlls du deng Inbox opräumen oder einfach e Gespréich läschen? An dësem Artikel erkläre mir dir Schrëtt fir Schrëtt, wéi dat geet.

Iwwer d’Websäit

Schrëtt 1: Gespréich opmaachen

Géi an de Chat, deen s du läsche wëlls. Dat kann e Privatgespréich mat engem Noper oder eng Chatgrupp sinn.

Schrëtt 2: Riets op „Gespréich läschen“ klicken

D’Gespréich an d’Messagë ginn fir dech geläscht. Déi aner Participante kënnen et nach ëmmer gesinn. Wann een eng nei Noriicht schéckt, erschéngt d’Gespréich erëm an denger Inbox, ouni déi fréier Messagen.

Schrëtt 3: „Läschen“ auswielen

Klick op d’Optioun Läschen. Dat ganzt Gespréich gëtt duerno permanent aus denger Inbox geläscht.

Wichteg ze wëssen

  • Du kanns nëmmen deng eegen Messagë läschen, net déi vun anere Participanten.
  • Eemol geläschte Messagë kënnen net zeréckgeholl ginn.
  • Déi aner Participanten am Gespréich kënnen deng Messagen nach ëmmer gesinn, nodeems s du d’Gespréich fir dech geläscht hues.
Iwwer d’App

Schrëtt 1: Gespréich opmaachen

Géi an de Chat, deen s du läsche wëlls. Dat kann e Privatgespréich mat engem Noper oder eng Chatgrupp sinn.

Schrëtt 2: D’Ikon mam Buschtaf i

Klick uewe riets op déi ronn Ikon mam Buschtaf i

Schrëtt 3: „Läschen“ auswielen

Klick op d’Optioun Läschen. Dat ganzt Gespréich gëtt duerno permanent aus denger Inbox geläscht.

Wichteg ze wëssen

  • Du kanns nëmmen deng eegen Messagë läschen, net déi vun anere Participanten.
  • Eemol geläschte Messagë kënnen net zeréckgeholl ginn.
  • Déi aner Participanten am Gespréich kënnen deng Messagen nach ëmmer gesinn, nodeems s du d’Gespréich fir dech geläscht hues.
Articles in this section