Hoplr informéiert dech iwwer d’Neiegkeeten an denger Noperschaft. Wann s de däi Kont wëlls definitiv läschen, kanns de dat via App oder Websäit maachen. Fir Hëllef bei spezifesche Problemer kanns de och den Support kontaktéieren.
Iwwer Hoplr bleifs de ëmmer um Lafenden iwwert dat, wat an denger Noperschaft (an an den Nopesch-Noperschaften) geschitt. Bass de sécher dasss de däin Kont wëlls läschen?
Folleg dann dës Schrëtt:
Iwwer d’ App:
- Logg dech an d’App an.
- Tippen ënnen riets op 'Méi'.
- Tippen op 'Astellungen'.
- Tippen ënnen op 'Kont läschen'.
- Wielt e Grond an tippen op 'Kont läschen'.
Iwwer d’ Websäit:
- Klickt uewen riets op däi Profilbild a wielt 'Astellungen'.
- Klickt am Iwwerbléck lénks op 'Kontastellungen'.
- Scroll ganz no ënnen a klickt do op 'Mäi Kont läschen'.
- Wielt e Grond a klickt op ‘läschen’.
❗Opgepasst: D'Läsche vun dengem Kont ass definitiv a kann net zréckgedréit ginn. Hues de e spezifescht Problem, wéi ze vill E-Maile, stéierend Nopeschschaftsnoriichten, oder well s de fortgees? Mir hëllefen der gären weider. Schéck eis roueg eng E-Mail op support@hoplr.com.